Samsden, den 31. Juli 2010 em 19h30 zu Kaerch
FC Sunday Dreamstars vs Oldboys Lëtzebuerg 3-4 (3-2)
Dank 3 Aushellefsspiller kruute mir kuerz virum Mätch schlussendlech nach 12 Leit zesummen fir dese Mätch am Kader vum Beschfest vum FC Koerich..
Mat enger gudder Stonn Retard konnt de Mätch schlussendlech nom Veteranen-Tournoi ugepaf gin, an daat op engem perfekten Wues. Di éischt Hallschent war allerdéngs aus Oldboys-Siicht extre schwaach. Vill individuell Fehler, grausam Fehlpassen, an virun allem mangelnden Wellen hun dofir gesuergt datt mir an der Paus mat 3-2 hannen luungen, daat obschon mir dank dem Philippe 2x e Réckstand erem ausgläichen konnten. 2x allerdéngs si mir nom Ausgläich erem schnell an d’Hannertreffen geroden.
Di 2.Hallschent hu mir dann wesentlech méi fir all Ball gekämpft, de Wellen war op eemol um Rendez-vous. Et gouf gudd gerackert géint een opmannst gläichwäertegen Géigner, an e puermol huet a läschter Sekonn missten geklärt gin. Mat séngem 3.perséinlechen Gol konnt de Philippe erem fir eis ausgläichen, éier mir kuerz spéider op en Foul-Elefmeter hin an Féierung gaang sin. Dobäi as et dann och bliwwen; dank enger kämpferesch staarker Leeschtung konnten mir net nemmen 3x e Réckstand ophuelen, mee schlussenlech suguer de Mätch gewannen. Op déi staark Team-Leeschtung aus der 2.Hallschent kenne mir opbauen.
 |
Meindeg, den 28. Juni 2010 em 19h30 zu Treier
FFC Matthias Trier vs Oldboys Lëtzebuerg 1-2 (0-1)
Nodeems d’3-4-3 Taktik am Mätch géint Samba Rio esou gudd fonktionnéiert haat, sin mir géint den FFC Matthias Trier mat der selwechter Formatioun opgelaaf. Allerdéngs goufen praktesch all d’Positiounen vun aneren Spiller besat.
An den éischte Minutten konnte mer de Géigner gudd enner Drock setzen; relativ schnell as di éischt Hallschent awer verflaacht an et koum nemmen zu wéineg geféierlechen Aktiounen op béiden Säiten. Geprägt war d’1.Hallschent virun allem duerch Fehlentscheedungen vum Arbitter an dorophin villen Diskussiounen mat desem.
Di 2.Hallschent war op béiden Säiten erem e bessen besser, angeschränkt duerch daat waarmt Wieder, de groussen Terrain, an di mangelnd Konditioun konnt awer keng Equipe richteg iwwerzeegen. An engem mettelméissegen Mätch gewannen mir schlussendlech awer verdéngt mat 2-1.
Verhalen sollte mir eis virun allem, eis den näxte Mätch em en richtegen Arbitter ze kemmeren, fir datt de Mätch net méi vun Frustratioun an Gemeckers iwwert falsch Decisiounen bestemmt gett.
 |
Meindeg, den 31. Mai 2010 em 19h30 zu Neiduerf
Oldboys Lëtzebuerg vs Samba Rio 6-2 (2-0)
Eng ongewinnten Situation haaten mir fir dese Mätch, well mir zu insgesamt 15 Leit waren, dorenner ganzer 14 Kader-Spiller. Zu séngem éischten Optrett am Oldboys-Dress koum de Philippe di Filippo.
Well mir de ganz sympathesche Géigner mettlerweil gudd kennen, konnten mir eis taktesch gudd op si anstellen. Sou konnte mer duerch en mi defensiven rietse Couloir an 2 Leit am defensive Mettelfeld hir 2 geféierlechst Spiller relativ gudd aus dem Mätch huelen. Mir hun eis vun Ufank un an der géignerescher Hallschent festgesat an d’Spill direkt an d’Hand geholl. Mat engem verdéngten Virsprong vun 2-0 goung et an d’Paus, an et hätten der och roueg nach e puer méi kennen sin.
An der zweeter Hallschent goung et ähnlech weider, bis di 2 Equipen ugefaang hun, midd ze gin. Ab dunn as vill geknuppt gin, an en Mettelfeld huet op béiden Säiten koum nach existéiert. D’Schlussresultat vun 6-2 geet ganz an d’Rei, an et war erem e flotte an och laang e spilleresch gudde Mätch. E grousse Merci och un den Arbitter deen de Mätch wéi gewinnt erem ganz gudd geleet huet.
 |
Mettwoch, den 07. Abrell 2010 em 20h00 zu Bous
Entente Itzig/Bous Dames vs Oldboys Lëtzebuerg 0-10 (0-5)
Anescht wi am éischte Mätch géint d’Dammen vun Izeg/Bous konnten mir des Kéier zu 11 Mann untrieden, an suguer op 2 Ersatzspiller zréckgräifen. Zu séngem éischten Optrett am Oldboys-Dress koum de Rasmus Fisker.
Vun der éischter Sekonn un hu mir de Mätch an d’Hand geholl an vill Drock no fir ausgeübt. Eis Géignerinnen hun zwar versicht de Ball propper lafen ze loossen, meeschtens sin hir offensiv Aktiounen awer kuerz hannert der Mettellinn vun eiser Defensive ennerbrach gin. Offensiv hu mir eis eng Onmass un Golchancen erausgespillt, an mat e bessen méi Chance oder Cleverness virum Gol wär et och mat méi wi 5 Goler fir eis an d’Paus gaang.
Di zweet Hallschent hu mir dann 1-2 Gäng zréck geschalt, an och taktesch hu mir nogelooss. Trotzdem si mir nach zu enger Rei weideren Goler komm (och dank dem schwaachen géignereschen Keeper), sou datt de Mätch mat 2 Hänn voll Goler fir eis, an leider kengem fir eis sympathesch Géignerinnen zu Enn gaang as.
 |
Sonnden, den 21. März 2010 em 15h00 um ISL
Oldboys Lëtzebuerg vs FC Sunday Dreamstars 4-1 (3-0)
En Mätch géint en neie Géigner as emmer mat villen Fragezeichen verbonnen, zumools wann et dem Géigner säin éischte Mätch iwwerhaapt as. Esou war et och dese Sonnden, wou mir op d’Sunday Dreamstars getraff sin.
Trotz enger relativ ausgeglachener éischter Hallschent luungen mir beim Säitenwiessel schon 3-0 fir, dest opgrond vun enger konsequenter Chancen-Verwertung virum géignereschen Gol, an enger disziplinéierter Spillweis.
An der zweeter Hallschent hu mir dunn onverständlecherweis komplett de Fuedem verluer, an de Géigner as emmer besser an d’Spill komm an emmer méi geféierlech gin. Dank engem gudde Golkipp an enger relativ stabiler Oofwier konnten mir d’Féierung awer oprecht erhalen. No fir as et bal nemmen nach mat héigen laangen Bäll gaang, bei deenen d’géigneresch Oofwier di eng oder aner Kéier schlecht ausgesin huet.
Fazit: D’Resultat entsprecht net onbedengt dem Spillooflaaf, mee wéi sou oft huet déi Equipe gewonn, déi virum Gol méi oofgeklärt agéiert, an séng Chancen besser ausnotzt.
 |
Eng nei Fussball-Nationaléquipe fir Lëtzebuerg
Mettwoch, den 3. März 2010 em 19h30 zu Bous
Entente Itzig/Bous Dames vs Oldboys Lëtzebuerg 2-3 (0-1)
Géint en taktesch ganz disziplinéierten Géigner konnten mir eis mat 3-2 duerchsetzen.
Mat 2 Spiller manner hu mir de Mätch missten ufänken, an hun eis dowéinst emol fir d’éischt op eis defensiv Aufgaben beschränkt, an de Ball vill hannen ronderem gespillt. Offensiv Aktiounen sin praktesch nemmen duerch wäit Bäll, an Dribblingen iwwert d’Säiten zustaan komm. Trotz villen Fehlpassen an onnéidegen Ballverloschter konnten mir awer mat engem 1-0 an d’Paus goen.
An der 2.Hallschent dunn as de Marc och ukomm an mir konnten endlech e bessen méi Fussball spillen. Esou sin logescherweis méi Golchancen entstaan; 2x hu mir nach getraff an x Chancen vergin. An der Schlussphase huet d’Konzentratioun dunn an der Defense e bessen gefehlt, an de Géigner konnt séng 2 eenzeg richteg Golchancen am Mätch notzen.
Insgesamt war et e ganz flotten Mätch, hoffentlech net de leschten géint dese Géigner.
 |
Oldboys Quiz IV: Denschdeg, den 9. Februar 2010 ab 19h30 am Choco zu Hollerech